background background

Eechternoach

Mir kënnen net sou weider maachen!

Eise Message un de Schäfferoot ass datt mir net kënne weider maachen wéi bis ewell! Krisen fuederen dass een sech adaptéiert! An deem gëtt dëse Budget net gerecht

ECHTERNACH, LE 13.12.2021

Ier ech op de Budget aginn, géif ech op dëser Plaz, eppes wëlle lass ginn wat mer wierklech um Mo leit.

Mir sinn eis bewosst dass de Budget iwwert ganzt Joer en Dokument ass wat lieft, a bis zum Schluss ëmmer erëm Verännerunge verlaangt! Mee et ass eng Fro vu Respekt a Professionalitéit, dass et net ka sinn, dass de Gemengerot an der Aarbechtssëtzung e Budget virgeluecht kritt dee voller Feeler ass! Dee selwechte Respekt soll och der Finanzkommissioun gëllen, déi de Budget sollt vum Schäfferot virgestallt kréien. Et ass lo déi 2te Kéier, dass dëst net gemaach ginn ass, an och vun der Finanzkommissioun bedauert ginn ass. Si investéiere vill Zäit , fir eis eng excellent chiffréiert Finanzanalys kënnen ze liwweren. Mir fannen dëst kee respektvollen Ëmgang mat der Kommissioun an hirer Kompetenz. Der Finanzkommissioun dofir vu mir hei emol e grousse Merci fir hier gutt Aarbecht.

De Budget ass d’Häerzstéck vun enger Gemeng, an dee Brouillon, dee mer virgeluecht kritt hunn, huet d’Analys net einfach gemaach. Et ass e Gewurschtels sonner a gläichen, a gëtt kee gutt Bild vun der Gemengenorganisatioun. Op déi Gemengenorganisatioun kommen ech zum Schluss nach eng Kéier zréck.

Mir schloe vir, déi nächst Joren, en Dokument bäi ze leeën, mat Regruppementer vun Artikele pro Themegebitt. Dat ass eng kleng Analys déi Iech net vill Zäit hëlt, well dir an Ärem Budgets-Programm hutt do eng Funktioun Analytique op déi mir keen Zougrëff hunn. Mir mussen op engem PDF schaffe wou mer mat Stéchwierder musse virgoen, wat eng Themen-Analys net einfach mécht. An dann, wéi an anere Gemengen och, sollt d’Finanzkommissioun de Budget duerchhuelen ier en dem Gemengerot virgestallt gëtt. Dat géif eis Conseilleren d’Chance ginn, schonn an der Aarbechtssëtzung mat präzise Froen a Propositiounen oder Amendementer ze reagéieren, fir kënnen aktiv matzeschaffen op d’Analys vun der Kommissioun hin.

Lo zum Inhalt vum Budget deen et ze analyséiere gëllt:

Rectifié 2021

Am Rectifié waren am Ordinären 29 Millioune Recette geplangt , 30,5 Millioune sinn der realiséiert ginn. Depense waren der 29 Millioune geplangt, realiséiert goufen der eppes méi wei 27 Milliounen. 

De Boni am Ordinären, fir de Rectifié, ass domadder 2,07% méi niddreg wéi d’Joer 2020. 

Am Extraordinären:

hate mer Recette vun 48,5 Millioune virgesinn. 82% sinn der ronn realiséiert ginn, dat sinn 43,5 Milliounen. Dat sinn haaptsächlech déi bal 7 Millioune vum CGDIS, op déi mer scho laang gewaart hunn a Subside vum Staat fir de Campus Gare, fir d’Haus rue des Merciers a fir de Séi.

Fir d’Depense vum Rectifié waren der 54 Milliounen ofgerënnt geplangt. 81,97% sinn der realiséiert ginn. Dat si ronn 44,5 Milliounen. Mir wëssen dass d’Iwwerschwemmunge mat sech bruecht hunn, dass verschidde Posten hei hu misste gestreckt ginn.

Fir mam Rectifié 21 ofzeschléissen, wann een d’Rescht Scholde kuckt, komme mer op eng Pro-Kapp Verscholdung vu 5.482 Euro wat am Verglach mat 2020 eng Erhéijung ass vun 32,16%.

Budget 2022:

Am Ordinären gesi mer dass mat ronn 31 Milliounen d‘Recetten nëmmen em 2,11% klammen, woubäi d‘Depensen mat 11,46%, spréch 30,5 Milliounen, ëmmer méi klammen. Elleng wann een déi 2 Poste kuckt, vun Zënsen an Annuitéiten déi mer musse bezuelen, gesi mer, dass déi dëst Joer 16,53% ausmaache vun eisen Depensen, wou mer d’lescht Joer nach bei 9,64% waren. Interessant ass och, dass d’Finanzkommissioun den Exercice gemaach huet mol d’Personalkäschten zesummenzeschloen, wat genau sou eng Themen-Analys ass wéi virdrun ugeschwat. An do gesi mir, dass eis Personalkäschte liicht zeréck gaange sinn op 34,38 % vun eisen ordinären Depensen , a wann ech déi mat Personalkäschte vun anere Gemenge vergläichen, sti mer eigentlech do gutt do, wat a mengen Ae bedeit dass mer net solle fäerten, eis Personaltechnesch gutt opzestellen.

Am Extraordinären gesi mer, dass mer eis 56,7 Milliounen an de Recetten erwaarden. Wou haaptsächlech d’Emprunten, fir de Budget auszegläichen, mat 38,5 Milliounen an d’Gewiicht falen. Sou wéi d’Subventioune vu lafende Projete mat méi wéi 9 Milliounen, Participatioune vu Propriétairë fir Infrastrukture mat 4,5 Milliounen (dat sinn d’Oachtergäert). Dann nach Subventioune fir déi provisoresch Sportshal an zu gudder lescht dat wat mer vun der Assurance wéinst dem Héichwaasser erwaarden, mat e bësse méi wei 2 Milliounen.

Bei den Depensen am Extraordinären huelt der Iech bal 64 Milliounen vir, mat Schwéierpunkte wéi Campus Gare wou d’Rechnungen elo era wäerte kommen an et weider geet 22,5 Milliounen. Dir plangt alt nees Stroossenaarbechte vu méi wei 4 Milliounen, D’Marquise fanne mer mat iwwer 3 Milliounen natierlech an den Depense wou mer nach net wësse wat op eis duer kennt, awer och eng hallef Millioun fir Immobilien ze kafen, iwwert eng hallef Millioun geet nees an de City Shopping. D’Nowéie vun den Iwwerschwemmunge fir Fussballterrain an Tennisterrain sti mat 1,5 Milliounen un, an och déi provisoresch Sportshal mat 5,3 Milliounen. Fir nëmmen déi haapt Posten opzezielen.

Wéi am Rapport vun der Finanzkommissioun bemierkt, ginn d’Depensen am Ordinären säit 2018 an d’Luucht an zwar ëm bal 25%, woubäi an de Recette mer just vergläichsweis 13% méi era kréie säit 2018. Wat weist, dass mer mussen an de Recetten eis Taxe Käschtendeckend gestalten, a wéi schonn d’lescht Joer vun eis bemierkt, sollte mer verschidde Maintenance-Kontrakter hannerfroen an nei ausschreiwen.

A wann een, wei virdrun am Rectifié, déi geschätzte Scholde fir Enn 22 kuckt, da seet d’Finanzkommissioun eis, dass mer géifen op eng Pro Kapp Verscholdung vu 14.190 Euro klammen! Wou et engem natierlech kal de Réck erof leeft. En plus wa mer wëssen, dass des Scholde weider wäerte klammen an d’Zënsen och kënne klammen. Wa mer dat an eisen ordinäre Recetten net méi kënnen ausgläichen, hu mer gläich guer kee Spillraum méi a stagnéieren.

Des Zuele lo an d’Realitéit gesat, da liese mer Prioritéiten eraus déi de Schäfferot sech ginn huet. D’lescht Joer hutt der eis de Budget virgestallt, mat de Wierder dir géift an d’Zukunft vun Iechternach investéieren, an deem der Är Prioritéiten op Schoul-Bau, Wunnengsbau a Stroossen a Kanal géift setzen, wat 70% vum geplangten extraordinäre Budget 2021 waren.

  • Wat de Schoul-Bau ubelaangt huet dir Är Zieler erreecht, dat kann een op der Gare ganz gutt gesinn. Et ass natierlech bedauerlech, dass d’Héichwaasser de Programm lo deelweis iwwer de Koup geheit huet. Dofir ware mir och mat Iech d’Accord, eng provisoresch Sportshal fir vill Suen ze plangen.
  • Beim Wunnengsbau gesäit et da schonn net méi sou roseg aus.
    Zwar sinn déi Haiser an der rue des Merciers lo fäerdeggestallt ginn, sou dat mir endlech méi abordabel Wunnengen offréiere kënnen.
    Wat awer déi 2 Haiser ubelaangt, déi am leschte Joer fir 2,8 Mio kaaft gi sinn, musse mir feststellen, dass heifir nëmmen e klenge Montant agesat gouf 2022, wat bedeit, dass déi nach eng länger Zéit wäerten eidel stoen.
    An den Oachtergäert sinn  d’Infrastrukture scho wäit fäerdeg, an awer sinn d’Konditiounen nach net verëffentlecht ginn, no deenen sech Interessente mëlle kéinten. Jong Leit brauche Planungssécherheet, si waarden op een Signal vun der Gemeng, op et e Wäert huet, op dëse Projet ze waarden. Och wann et nach Problemer bei engem Terrain gëtt, hätt ee scho laang missen dës Informatiounen erausginn.
    Beim Projet Marquise huelen Iech lo d’Feeler vun der Vergaangenheet an. Jo, et war ee Feeler, hei als Gemeng wëlle Promoteur ze spillen. An et ass net dem Kulturministère säi Feeler, dass mir lo an der Situatioun hei sinn.
    Cité Manertchen-e Projet wou jo vill Wunnraum geschaaft soll ginn, do vermësse mir eng aktiv Roll vun der Gemeng. Et geet net duer, op de Fonds de Logement ze waarden an ze klappen, mee eng Gemeng muss bei engem Projet vun der Envergure och aktiv ginn, an dëst am beschte Fall andeems se hir betraffe Bierger mathëlt an hir Suergen eescht hëlt. An do gehéiert och dozou, dass een sech mat Zäite Gedanken iwwer d’Sécherheet vun de Weeër mécht an och déi néideg Infrastrukture fir d’Mobilitéit schaaft. Do sti just 80.000 fir d’nächst Joer dran?
  • Wat d’Infrastrukture vun eise Stroossen ubelaangt, do muss ech net vill derzou soen. Dat kann all Mënsch gesinn, dass eis Stroossen an engem lamentabelen Zoustand sinn. Vu bal 3 Milliounen, déi virgesi waren, sinn nëmmen 766.000 Euro ausgi ginn, dat si mol grad 25%. Dofir schleefe mir erëm 3.5 Mio an dat nächst Joer mat. Dëse Fait musse mir scho säit Jore feststellen, ouni dass eng Besserung ze bemierke wär. Hei feelt et ons un engem Plang, deen een och misst de Bierger matdeelen. Wann d’Léit wéissten„Wat kënnt wéini un d’Rei“ hätte mer dobaussen vläicht méi Versteesdemech.

Mir liewen nu mol awer am Moment an enger geckeger Welt.

Mir erliewen e puer Krise gläichzäiteg. An zwar net, ewéi an deene leschte Joerzéngten, iergendwou op der Weltkaart, mee hautno!

Hei an Europa, hei zu Lëtzebuerg, hei zu Eechternach! 

D’Covid Kris, déi nach net eriwwer ass, d’Energie Kris, an d’Klima Kris hunn Eechternach net verschount. Mir hunn all d’Iwwerschwemmungen aus dem Juli nach net verdaut! Eise Budget d’ailleurs och net.

Déi speziell Zoustänn fuerdere vun eiser Gemeng, sech ganz neien Defien ze stellen, niewent den normalen Hausaufgaben déi natierlech Logement, Infrastrukture wéi och Schoulen a Sportshale sinn. Fir eisen Awunner Stabilitéit, Sécherheet an Hëllef ze bidden. Dës Krise mussen eis , mussen IECH reagéieren dinn! Prioritéite musse gesat ginn. DIR kennt net esou weider maachen, wéi wann näischt wier.

De Bagger rullt, mee d‘Urgence, vum mussen handelen liest een net aus dem Budget eraus.

Klimapolitik huet an ären Aen null Prioritéit.

Dat geet domadder un, dass Keen vun der Gemeng present war um Klimapaktdag, wou all d’Gemengen duerch hire Buergermeeschter oder zumindest duerch hire Klima-Schäffe representéiert waren.

Merci, dir hutt erëm 50.000 Euro bäigesat fir dass mer op dee selwechte Montant komme wéi d’lëscht Joer um Posten „Mesures Pakt Klima“, fir dass déi gréng Fraktioun net ka meckeren! Mee sidd der Iech bewosst, dass mer säit 3 Joer en Budget fir d’Klimateam dra stoen hunn déi mer mol net opbrauchen, obwuel mir di Suen vum Staat géingen zréckkréien Dat ass déi batter Realitéit. 250.000 Euro dat sinn dach Peanuts. Dëst Joer huet Glasgow bewise wéi wichteg et ass sech ambitiéis Zieler ze setzen, an sech d’Moyene ze ginn déi och ëmzesetzen. 250 000 Euro fir d’Klima am Verglach mat den iwwer 6 Millioune fir Parking déi am Budget stinn.  Gitt emol op Beefort kucken, déi weisen iech wéi mer et sollte maachen! Um Site vu Lëtzebuerger Gemenge steet grouss d’Iwwerschrëft “ Beaufort dore son Blason Climat“ an als Ofschlusssaatz ech zitéieren,“ Il en résulte que Beaufort marque le score le plus élevé, non seulement à l’échelle du pays mais également sur le plan européen, puisque son score atteint 85,9%.“ Bal 90% a mir falen zeréck op knapp 50%. Mir mussen eng Schëpp bei leen! En anert gutt Beispill ass Merzig . Merzeg ass mat engem Leader Projet déi éischt Gemeng, wou d’Politik en ekonomesche Modell „ pour le bien commun“ ugeholl huet. Do ass politesche Wëllen!

Do misst eng Stad wéi Eechternach op d’mannst 1 Millioun am Budget stoen hunn op deem Posten an se och ëmsetzen!

Mir hunn am Juli 20 eng duerch Klimateam nogeschaffte Klimaresolutioun hei am Gemengerot gestëmmt, nodeems mir als gréng Fraktioun, mat enger éischter Versioun bei iech hei am Gemengerot kee Gehéier fonnt haten! De Pabeier war Iech ze ambitiéis! Déi schlussendlech gestëmmte Klimaresolutioun war präzis an huet der Gemeng zousätzlech Hausaufgabe ginn? Nach näischt ass an Ugrëff geholl ginn. Wou ass eise Klima-Responsabelen deen an där Resolutioun virgesinn ass, wann dann iwwer grouss Projete geschwat gëtt wéi lo virdru bei der Sportshal? Iwwerhaapt, einfach een aus dem Service technique fir dës Aufgab  responsabel ze maachen, geet net duer. Dës Persoun sollt de Réck vum Schäfferot gestäipt kréien a reegelméisseg kenne Formatioune maache fir sech intensiv mam Thema ze befaassen an d’Gemeng aktiv bei den Entscheedungen ze beroden.

Dës Persoun sollt sech och mat eisem Energie Plang befaassen. Wat hutt der iwwerhaapt do fir?

An iwwerhaapt an dësem Budget feelt eis d’Thema Energie! Et kann dach net sinn, dass an Zäite vun Energie-Kris ënner dësem Posten „Mesures d’économie d’énergie „ nëmmen d‘Mesuren vum Klima Pakt, exécution de l‘etude de la mobilité douce (an dat och nach säit 2017!) an e puer Photovoltaiksmodulen fir 70.000 ze fanne sinn, Dat schwätzt fir sech. Dobéi huet de SYVICOL ganz kloer gesot, dass d’Gemengen hier Responsabilitéit sollen iwwerhuelen. Mir hunn zwar d’Gromperegeld erop gesat, mee d’Energie-Aarmut hëlt ëmmer méi zou. Op dësem Plang huet dëse Budget de Bierger näischt ze bidden.

Beim Héichwaasser hu mir musse gesinn, wat et heescht, dass d’Haiser an eiser Stad bal nëmmen mat Mazout gehëtzt ginn. Net nëmmen den CO2 Ausstouss sollt eis ze denke ginn. Mais och déi Onmengen vu Mazout, déi ausgelaf sinn an eng riseg Katastroph fir Mënsch an Natur waren. Mir déi gréng, hunn deemools d’Investéieren an de Gas mat gestëmmt well an Aussicht gestallt gouf ze préiwen, op de Reseau vun der Creos spéider duerch Biogas kënnt ergänzt ginn. Do ass ni eppes geschitt. Och fir déi Stroossen, déi net un de Gas ugeschloss kënne ginn, missten dringend Alternative gesicht ginn, fir eis Emissioune reduzéieren ze kënnen. Mee virun allem, wat beim Campus Gare geet, muss och fir de Rescht vun Eechternach Ziel sinn.Mir musse vun de fossillen Energien ewech! Heifir  misste scho laang Etudë gemaach sinn.  D‘Suen wären hei méi sënnvoll agesat, wéi fir endlos Etude fir e Shopping Konzept.

Et ass schéin a gutt grouss Invest-Projeten ze maache fir eis Stad, mee wa mer an Zukunft all Joers eng Kéier iwwerschwemmt ginn, dann hu mer net déi Zukunft gestalt, déi ech mir fir eis, a virun allem fir eis Kanner a Kandskanner virstellen!

A Propos ënner goen,

City-Outlet

Eis Geschäftswelt brauch en Opschwonk, fir eis Awunner a fir d’Touristen . Mir gréng wëllen doran investéieren. Déi bestoend Geschäfter brauchen Hëllef deels wéinst Corona, deels wéinst dem Héichwaasser. Mir mussen d’Geschäftswelt ausbauen. Ouni Hëllef geschitt näischt!

Et waren déi gréng déi de Stadtmarketing op de Wee bruecht hunn. Zesumme mat de Bierger gouf um Leitbild fir eis Stad Eechternach geschafft. Och d’Iddi vum Leerstandmanagement ass  an där Grupp zesumme mat de Bierger entstanen. Eechternach war um gudde Wee.

Mee d’Iddi vun engem Outlet Disneyland mat Konsum-Tempelen ass net méi zäitgeméiss an eisen Aen. An da bräichte mer och net e puer Parkhaiser zäitgläich ze plangen. wann mer scho mol een Uerdentlecht do stoen hätten, wär d’Situatioun an Iechternach entschäerft.

An Zäite vu Klimawandel a Corona Pandemie brauch eis Gesellschaft an eis Stad en Ëmdenken. Wech vum maaslose Konsum , wech vum ville Verkéier, hin zu enger nohalteger Ekonomie. Nach eng Kéier! Ech invitéieren iech kucken ze goe wat Merzig mécht.

Ausserdeem passt d’Iddi Outlet-Eechternach net zu enger Kulturstad Eechternach.

Mir gréng fannen, sou wéi mir dat déi lescht Joere scho gesot hunn, datt d’Suen déi schonn an dëse Projet gefloss sinn, besser an d’Pai vun engem Stadtplaner, mat regionalem Denken, investéiert  gewiescht wieren. 
A mir wëllen net datt deene ville schlechten (Suen) ëmmer weider gutt Suen nogeworf ginn.

Kultur 

Gutt investéieren solle mer weiderhin an d’Kultur. Wéi mer eis all ëmmer erëm bewosst ginn, mëscht d’Kultur e grousse Prozentsaz vun eisen Ausgaben aus. Eis ,der grénger Fraktioun ass et ganz wichteg, dass mer weiderhin eis 2 Haiser, Museksschoul an Trifolion, vun der Gemeng ënnerstëtzen.

Mat den Ausgruewungen um Site vun der Marquise wësse mer nach net wat op eis duer kennt. Mir begréissen, dass, wéi vun eis ugereegt, en Architekten-Concours geplangt ass, och wann mer bezweifelen, dass een do mat 15.000 Euro wäit kënnt. A mir leeën Iech un d’Häerz mam Kulturministère aktiv zesummen ze schaffe fir eise Patrimoine ze erhalen. Wéi d’Ministesch sot: Iechternach muss et wëllen, da kënne mer vill maachen.

Kommunikatioun

  • vun der Gemeng un d’Iechternacher. Et ass komplizéiert an eisem digitale Liewen un d’Leit ze kommen! E gudde Buet ass wichteg, a wéi all Joer fuerdere mir, dass de Buet sollt d’Gemengepolitik méi thematiséieren. Gitt iech emol aner Bied ukucken! Iwwerall, och wann den Gemengerot opgeholl gëtt, kann ee méi oder wéineger all eenzele Punkt noliese goen. An all Partei kann Positioun bezeien zu hire Votten. Passiv Informéieren geet net duer.
    Dier hutt et bis lo net fäerdeg bruecht eng Biergerparticipatioun opzebauen,well der de Kontakt mam Bierger net sicht! Nom Héichwaasser hätt der missen onbedéngt op en Biergerowend invitéieren an deene betraffene Leit erklären dass d‘Gemeng hinnen hëlleft. Vläicht mam Ministère zesummen? Dass déi gespente Suen hinnen zoustinn an wéi se sollen d’Demanden eran ginn. ( By the Way kuckt dass dir déi Situatioun vum Spendekont reegelt, well dass dir do keng ASBL gegrënnt hutt as net vertrietbar. Wann engem vun Iech 3 eppes geschitt, wat mer jo natierlech net hoffen, mee wien ass dann Propriétair vum Kont?) Mee zéck zu de Bierger. Se sollen wëssen, dass se prezis gehollef kréien zesummen mam Office social! D’Leit och mol froen! Wat braucht dir?
    Am Dossier Marquise kommen Decisiounen op eis duer. Huele mer déi ouni d’Eechternacher ze froen wat se wëllen? Eis lokal Historiker? Firwat hutt der Angscht viru Biergerbedeelegung?
    Demokratie an enger Gemeng gëtt ëmmer méi wichteg. D’Leit trauen der Politik an hire Vertrieder net méi. D’Mateneen an eiser Gesellschaft gëtt ëmmer méi aggressiv. Wat déi lescht Weekender an der Stad lass war mécht engem Angscht. Et wär wichteg de Fridden a Solidaritéits Grupp erëm opliewen ze loossen, deen de Buergermeeschter als Mayor of Peace begleet huet mat Initiativen-Virschléi. Wéi zum Beispill dee flotte Projet „Judeum Epternacum“. De neien Aarbechtsprogramm vu Mayors of Peace dee mer dëst Joer erëm ugeholl hunn geet ganz kloer an d’Richtung vum friddlechen Zesummen. An och hei huet de SYVICOL op d’Roll vun de Gemengen higewisen, fir an der rezent aggressiver Situatioun an onser Gesellschaft ze reagéieren.
    Dofir bléiwe mir och dobäi D’Gemeng brauch eng total Neiopstellung vun alle Kommissiounen
  • D‘Kommunikatioun ënner eis, hei am Gemengerot, hat dat lëscht Joer ferm gelidden ënner dem Covid, och wann ëmmer probéiert ginn ass iwwer Zoom de Programm duerchzezéien. Mee dëst Joer wou mer zwar erëm kënnen a Présentiel zesummekommen, eis awer trotzdeem net méi op den Dëppefester iwwert de Wee lafen, oder beim Patt nach kënnen diskutéieren, feelt ëmmer méi de mënschlechen Aspekt vun der Politik, deen an der Gemengepolitik sollt bestoe bleiwen. Dofir och eis Fuerderung am Gemengerot vum 08.11.21 dass op Froe vun der Oppositioun soll kënnen eng animéiert Diskussioun méiglech sinn.
  • Kommunikatioun mat de Ministèren, Wann een de Schäfferot all Kéiers héiert de Ministèren d’ Schold gi mengt ee bal Iechternach wär d’Stéifkand vu Lëtzebuerg. Mee Fakt ass dass d’Ministère jo net just eis Dossieren do leien hunn! Wann een eppes wëll muss een um Ball bleiwen an net beleidegt mam Fanger op de Staat weisen. Den Telefon geet an déi 2 Richtungen. Do muss de Buergermeeschter heiansdo selwer Drock maachen, an net delegéiere fir dono anere Schold ze ginn.

No der Kommunikatioun, lo zur Frëndlechkeet a Kompetenz vun de Gemengeservicer. Wichteg fir d’Fonctionéiere vun dem Betrib ass eng gutt Organisatioun an eng gutt geschoulten Equipe, an eng staarke Chef. Mir stellen ëmmer méi Leit an, a sinn awer nach ëmmer iwwerfuerdert. Dëst as oft Är Excuse.

Dass de Schäfferot op de Wee geet en externe Beroder ze huelen ass an eisen Aen am Moment de richtege Wee. Ëmstrukturéieren ass absolut néideg, un Iech et dann och konsequent ëmzesetzen!

Fir de Rectifié enthale mir eis als gréng Fraktioun, well mer eis bewosst sinn, dass dëst Joer alt erëm schwiereg war, mee fir de Budget 2021 stëmme mer dogéint.

Eise Message ass dass mir net kënnen esou weider maache wéi bis ewell.

Krisen fuerderen dass een sech adaptéiert! An deem gëtt dëse Budget net gerecht.

Budget 2022

Teure Gebäude auf dem Campus Gare, Corona und dann kam noch das Hochwasser: Die Gemeinde Echternach muss jetzt tief in die Tasche greifen.
https://www.wort.lu/de/lokales/hochwasser-kommt-echternach-teuer-zu-stehen-61b8c115de135b92362bf1e2