background background

Eechternoach

Ordre du jour vum Gemengerot vum 21.03.2022 Commune hospitalière.

Echternach, le 21.03.2020

Au Collège des Bourgmestre et Échevins de la Ville d’Echternach
2, Place du Marché
Echternach

Betrëfft: Ordre du jour vum Gemengerot vum 21.03.2022 Commune hospitalière.

Nodeems mir hei am Gemengerot op eis Initiativ hin am Februar direkt no der Attack op d‘Ukrain eng Resolutioun eestëmmeg gestemmt hunn, sinn eis Crainten Wierklechkeet ginn.

Am Februar ass et eis nach virun allem drëms gaangen eis solidaresch mat der Ukrain ze weisen, mee mir haten eis an dëser Resolutioun och schonn Bereet erkläert fir Flüchtlingen an der Gemeng op ze huelen. Haut kann een et net gleewen mee Lëtzebuerg, sou wéi de Rescht vun Europa, muss mat enger enormer Migranten Well rechnen an där och gerecht ginn!

Dozou hunn mir op Kommunalem Niveau ganz vill organisatoresch Froen, déi mir zum Punkt Questions eran ginn hunn. All dës Froen hunn eis dozou bruecht dësen Punkt hei als Resolutioun eranzereechen wou mer frou wären wann dëst Dokument eis Kéint en Ufank, eng Richtlinn ginn, wéi mer an Zukunft als Gemeng, net nëmmen lo an der Ukrain-Russland Krise, mee och an aneren op eis zoukommenden Migratiounen duerch déi nächst Krisen, wëllen handelen.

Fir kuerz ze erklären em wat et geet :

#europewelcomes, op franséisch Commune hopitalière oder an Däitschland Sicherer Hafen LIFELINE, war an ass nach ëmmer eng Initiativ déi virun e puer Joer entstanen ass. Virun allem duerch déi Situatioun wou dausende Leit am Mëttelmier erdronk sinn 2017-18. Mee am Bewosstsinn dass ëmmer aner Krisen wäerten Mënschen dozou bréngen hier Heemecht mussen ze verloossen, hunn ganz vill Stied an Gemengen an Europa déklareiert, eben wéi mir et lo hei op franséisch soen, eng Commune hospitalière ze sinn!

Dir hutt iech d’Dokument duerchgelies an gesitt dass niewent fir eis evidenten Hiweiser op den Respekt vun Mënscherechter, an méi nationalen Engagementer och mir als Gemeng kennen, Mussen Verantwortung huelen, an mir mussen schonn ganz séier mat konkreten Aktiounen handelen. Fir lo net alles vierzeliesen just mol een spézifeschen Abschnitt eraus geholl deen d’Gemengeresponsabilitéit méi wéi konsernéiert.

Considérant que les communes – même dans un cadre restreint – ont une certaine marge de manœuvre pour permettre aux migrants d’être mieux accueillis et soutenus, quel que soit leur statut ;

Considérant que les institutions communales sont le premier échelon vers lequel les citoyens se tournent ;

Considérant qu’un accueil de qualité peut faire la différence dans le parcours d’intégration des migrants en leur donnant toutes les chances et en leur permettant de faire partie intégrante de la vie locale ;

Considérant que la ville d’Echternach a adhéré au Pakt vum zesummen liewen ;

Et geet haut sécher net drëms hei dës Resolutioun duerch ze boxen fir eist schlecht Gewëssen ze berouegen, mee et muss dann och zäitno gehandelt ginn! Elo an der Ukrainkrise awer och an Zukunft, musse mir virbereed sin! Well leider Gottes kennegen aaner Krisen sech schon un!

Als Beispill, en Forum sozial ze organiséieren, wéi mer et jo schonn mol gemaach hunn. Mir mussen och onbedéngt verhënneren dass d’Flüchtlingen d’Buhmänner fir eis schonn bestoend Problemer ginn. Vill Populisten spillen schonn d’Wunnengsnout géint d’Schutznout vun den Flüchtlingen aus!

Wei virdrun gesot, dës Resolutioun, wou mir eis zu enger Commune Hospitalière ernennen, soll eis dozou motivéieren eis kommunal Responsabilitéit ze huelen, alles drun ze sëtzen dass elo, an och an Zukunft, all Migrant deen zu Iechternach Schutz sicht, beschtméiglechst gehollef kritt, am Respekt vun sengen Rechter, an och d’Méiglechkeet kritt sech ze integréieren.

Dofir géif ech iech bieden, virun dass mir iwwer méi organisatoresch an héich aktuell Flüchtlings-Situatiounen an eiser Gemeng diskutéieren, dës Resolutioun eestëmmeg unzehuelen.

Fraction communale de la Ville d‘Echternach