background background

Eechternoach

OUTLET-VILLE Nee Merci

déi gréng Eechternoach hunn, an der Sëtzung vum Gemengerot vum 14. November 2022, e klore Nee Merci am Kader vum Projet Outlet-Ville ausgedréckt.

Mat dësem Vott, stelle mir d’Weichen, a wat fir eng Richtung Iechternach sech wëll developpéieren!

Als Stad Iechternach hu mir eng laang Traditioun als „Handelsstad“ – an och haut hu mir nach ëmmer richteg vill ze bidden. Mir hunn eng lieweg Kultur, Patrimoine an eng aktiv Geschäftswelt. Ausserdeem sinn mir d’Haaptstad vun eisem Naturpark.

Komm mir bradéieren dës Stad net – mir sinn d’Stad Eechternoach, déi eelste Stad aus dem Land, déi vill Facetten huet a vill ze bidden huet – an net eng „Outlet-Ville“ am Ausverkaf.

« Projet Shopping Echternach : décision de Principe. »

Firwat nenn der d’Kannt net beim Numm? Mir stemmen de Nowend fir dass de Projet Shopping Iechternach en OUTLETgëtt, deen och schonn en Numm huet:

Outlet-Ville!

Elo hei, mat dësem Vott, stelle mir d’Weichen, a wat fir eng Richtung Iechternach sech wëll developpéieren!

Der Majoritéit hire Virschlag deen ausgeschafft ginn ass, ouni Concertatioun mat der bestoender Geschäftswelt oder mat den Awunner vun Iechternach oder der Oppositioun, ass dass Iechternach soll eng Onmasse vu Leit duerch Masse vun Outlet Marken unzéien. Fir déi Marke kennen démarschéieren ze goen, soll de Novend mat der Grënnung vun enger SA dës Prozedur ulafen.

Et ass déi éischte Kéier, an all deene Jore wou dir un dësem Outlet schafft, dass de Gemengerot iwwerhaapt e Vott hëlt, a mir kennen ëffentlech eis Meenung dozou soen.

Elo hei geet et drëms Jo oder Nee zum Outlet ze soen. Wann et de Novent Jo ass kritt Iechternach en Outlet, wann et Nee ass, dierf endlech an eng Néi Richtung geschafft ginn. 

Et ass ze spéit sech doduerch ze schlängelen an deems ee seet, jo mee mir sinn net zefridde wei der et u gitt, mee wëllen awer och net dogéint sinn. Mir déi gréng soe kloer NEE a bezweifelen dass d’Motioun vun der DP an där zwar schéin Engagementer dra stinn, mee mir bezweifelen dass dëse Pabeier nach iergendwellech Ännerungen um Outlet Konzept wäerte bréngen. De Volet Nohaltegkeet an zukunftsorientéiert innovativ Geschäftsiddien, wéi Kreeslafwirtschaft, Gemein-wohlökonomie oder Jonken ënnert d’Ärem gräife feelt eis oder ass och nëmme marginal dran erëmzefannen.

An dat huet och e Grond. Outlet ass bëlleg Massewuer u vill Leit bréngen an ebe grad net de Qualitéitstourist oder de Lëtzebuerger, deen Sonndes e flotte Mëtteg hei verbréngt an nach iesse geet – deen entspaant an engem flotte Kader e Lëtzebuerger Produit vun engem Betrib mat Gesiicht fënnt, dee net e laangen Transportwee hannert sech huet, e Produit deen de lokale Produzenten, net nëmmen am Liewensmëttelberäich fir Gastronomie oder den Textilien, mee och Schräinereien, Konschthandwierk etc eng Méiglechkeet bitt – NEE Outlet fënnt een iwwerall, do braucht dir just op d’Internetsäiten ze goe vu Firmen déi den Här Immelmann begleet huet : Däitschland, Spuenien, Polen iwwerall gëtt dat selwecht Masseprodukt bradéiert -just anescht verpaakt. Keng Spuer vun Originalitéit, Eenzegaartegkeet – vun Nohaltegkeet net ze schwätzen – dobäi wësse mir dach, datt mir manner Ressourcen dierfe verbrauchen, u méi kuerze Weeër musse schaffen. Wa net zanter Den Online-Plattformen, dann dach awer spéitstens zanter Corona oder dem Héichwaasser…

An deenen zwou ganzer Arbechtssitzungen déi mer haten, an deenen, soit dit en passant, net vun eis erwaart ginn ass en Input ze ginn, mee iwwert e fäerdegt Konzept informéiert ginn ass, hunn mir all Kéieres d’Fro gestallt ob et méiglech wär, regional oder national Geschäfter, mat anzebannen an unzewerben, de Fokus net op Outlet mee op Qualitéit ze leen. An evidenter Weis war d’Äntwert vum engagéierten Outlet-Beoptragen NEE. Well dat war jo net säin Optrag. An en ass och net agaangen op d’Remarke vun der Oppositioun, fir opzepassen dass déi Marken déi do solle kommen keng Konkurrenz fir eis Kommerzante solle sinn.

Fir eis stellen sech de Novend 2 wichteg Froen!

1.Fro: Prozedural a Juristesch. Si mir do richteg informéiert? Eis feelt et un Transparenz! Ouni Jurist ze sinn, gesinn ech awer dass e Conflit d’intérêt geschaafe gëtt. Do geet de Christophe dono e bëssi als Jurist drop an, well wéi hien eis dat wäert erkläre sinn alt erëm ënner anerem d’Avien vum Innenministère an Ekonomie net do, wat erkläert firwat mir haut och just en Accord de Prinzip huelen! Deen eis awer fir déi nächst 20 Joer bënnt. An souguer wann all d’Avien géifen erginn, dass een dat esou ka maachen, dann heescht dat net dass dat fir Iechternach an déi richteg Richtung geet.

2.Fro: Ass evidenter Weis wéi lo grad scho gesot, wat wëlle mir fir Iechternach? Outlet, Kultur, Tourismus, Klengstaat Charakter, Wanderer, Famillen, Veräiner, Altersheimer, Stau?

Natierlech wëlle mer eng gesond an dynamesch Geschäftswelt, a mussen eis als Gemeng asetzen eppes géint de Leerstand ze maachen. Keen vun eis hei um Dësch ass fir Leerstand! An do huet eng Gemeng och verschidde Moyenen fir dogéint unzegoen. Kuckt wat alles am Baukasten vun aanere Gemengen ze fannen ass.

D’CSV-LSAP Koalitioun huet de politesche Choix gemaach, den Optrag weider ze ginn, un e Professionellen deen halt OUTLETTEN an Europa an d’Liewe rifft! Deen, ech huelen un, seng Aarbecht och gutt gemaach huet, well, wann hei elo an e puer min jo gestemmt gëtt, gëtt Iechternach Outlet-Ville. An dat ouni eis Geschäftswelt ze berécksiichtegen! Dat war nämlech net den Optrag! Dat huet den Här Immelmann an der leschter Aarbechtssëtzung gesot, an ech gleewen em dat och! 

Dir hutt komplett verpasst d’Bierger, an déi bestoend Geschäftswelt mat anzebannen! Et ass ëmmer ganz geheimnisvoll gedoe ginn, fir dass keng aner Staat oder Gemeng sollt op d’Iddi kommen dat selwecht wéi mir ze maachen. Mee sou hutt Dir komplett verpasst d’Bierger mat anzebannen! Entretemps ginn eis Geschäfter vun der Gemeng Ettelbréck, Esch an Déifferdeng gefrot fir béi se ze kommen. Well déi Stied sou wéi mir et well dacks scho virgeschloen hunn, de Problem vum Leerstand net outgesourct hunn, an en Gemengen-Service mat engem Citymanager/Stadtmarketing an d’Liewe geruff hunn. Dat wär an eisen Aen dee richtege Wee gewiescht. An dofir ass et och nach net ze spéit! Dat kéint ee ganz Zäitno ëmsetzen, wann de Wëllen do ass.

Mat erpresserege Methoden gëtt an deene leschten Deeg gesot dass déi déi den Outlet Projet géife blockéieren, wäre Schold drun dass Iechternach zu Gronn geet! Well mir, DIR, hätt kee Plang B! Dat ass falsch! Well dir kee Plang B hutt, soll Iechternach d’Katz am Sack kafen? Et geet net em blockéieren! Et geet drëms sech ze froen op mer an déi richteg Richtung ënnerwee sinn, an et ass net ze spéit fir eng aner Richtung, wéi qualitativ mannerwäertege Masse Konsum anzeschloen.

Äre Fokus war Outlet an Outdoor, eise Fokus ass Sech als Gemeng, Haaptstaat vum Naturpark Mällerdall, d’Responsabilitéit ze ginn en professionelle Gemengeservice ze hunn fir eng zukunftsfäeg wirtschaftlech Entwécklung, jo a fir e gudde Marketing an eng lieweg Kultur. D’Kultur déi fir eis op jiddefalls e Fokus muss sinn, sou wéi Regionalitéit, Qualitéit, Nohaltegkeet -fairen Handel- fair zu de Mënschen hei an och iwwerall soss, mat Iechternach verbonnen, do passt de Wandertourimus an en Sportsgeschäft oder Outdoorgeschäft wéi dir et nennt, natierlech mat dran. Outlet ass fir eis gläichgesat mam Ausverkaf vun Iechternach, mat reckwärtsgewannte oder vereeltsden  Konzepter, Masse statt Klasse -dat och fir eis Bierger-déi den Zousaz-Verkéier dierfen erdroen. Et muss bei Iechternach passen, eis Infrastrukture spréch Parkinge mussen et packen! Et muss an eisen Naturpark passen, deen d’Richtung Slow Tourismus oder Slow Shopping promouvéiert, sou wéi mir dat ursprénglech virgeschloen haten…

Et ass d’Gemeng!, an net eng SA oder en Outlet Direkter, déi muss begleeden an ënnerstëtzen.

Mat grousser Ongedold waarde mir d’Ailleurs op d’Resultater vun der Firma Novetus. Well mir sinn eis sécher dass, mam Ausschaffe vun engem Projet Marquise, en ganz anere Qualitativen Dynamismus ka geschaafte gi wéi mat engem Outlet.Wat dir héi virschloot as mat grousser Warscheinlechkeet diamétralement opposé, zu deem wat bei där Etude eraus wäert kommen, a wou de Kulturministère an en Unesco Label géif mat zeien!

Vun menger Säit hutt der elo héiere, firwat mer géint en Outlet Konzept sinn, mee wéi virdru scho bemierkt stéiere mer eis net nëmmen un der Form, mee och un der feelender Transparenz, vun där SA, déi am Virfeld soll gegrënnt ginn. Fir eis déi gréng, ass dëse Projet net duerch iwwerluecht a mir hätten eis wierklech gewënscht nach eng Kéier Loft ze huelen an et Juristesch préiwen ze loossen. Ech géif de Christophe froen dozou eis Bedenken, déi méi Juristescher an Eethescher Natur sinn, ze erklären.

Christophe:

Merci Carole,

Wéi d’Carole ganz richteg gesoot huet, feelt et bei dësem ganze Projet virun allem un eppes: un Transparenz.

Säit Joëren gëtt hannert zouenen Dieren gemauschelt. Et gëtt mat privaten Investisseuren a Marken geschwat an Zousoen gemaach. Wann een als Gemengerotsmember d’Fro stellt wéi eng Marken dann ugeschwat gin, kritt ee geäntwert dat wier confidentiel.

Wann ee freet ween dann déi Investisseuren solle sin, déi privat d’Méiglechkeet kréien mat der Gemeng an eng S.A. ze klammen, kritt ee gesot dat wier confidentiel.

Dat as net ze akzeptéieren – hei geet et ëm öffentlech Suen an net ëm privat Investissementer. Et muss transparent kënnen doriwwer geschwat gin wou, wéi a mat weem déi Suen agesat gin. Zumols well mir als Staadt Iechternach jo leider eng Traditioun dran hun, fir eis an Kontrakter ze verstrécken, déi d’Gemeng herno Millioune kaschten a wou se net méi draus eraus kënnt.

Mir sollen haut een “Accord de Principe” gin – een Accord fir datt d’Gemeng Iechternach zesumme mat privaten Investisseuren eng société anonyme grënnt wou se Haaptaktionär soll gin … Deen Accord de principe soll haut op Basis vun enger Powerpoint Show gi gin. Am Dossier vun dësem Gemengerot läit kee Kontrakt, keng Statuten, kee Projet vu Scholdschäiner viir déi sollen agaange gin. 

Dëst weist wéi ontransparent an dësem Dossier geschafft gëtt. Op Basis vun esou wéineg Fakten an Informatiounen kann een net engem Accord de Principe zoustëmmen.

Déi éischt Fro déi sech an dësem Dossier jo stellt as: firwat ee schwéierfällescht Konstrukt opzebauen iwwer eng S.A.? De Problem dee mir wëllen ugoen as de Leerstand. Do si mir alleguer hei um Dësch dofir an zéien all um selwechte Strang. 

Fir dëst ze maachen, gin et vill verschidde Weeër – an vill Stied hei am Land hu viirgemaach wéi dat kann goen an ganz séier ëmgesat gin – d’Carole huet déi jo schon opgezielt. Firwat sech also als Gemeng als Associé an enger S.A. bedeelegen – mat alle Käschten a juristesche Problemer déi dat mat sech brengt – wou een et och aanescht kéint maachen? Eng S.A. as eng société commerciale an huet als Ziil Bénéfice ze maachen. Bénéficer déi ënner aanerem gebraucht gin fir duerno kënnen ee CEO an eng ganz Equipe anzestellen an ze bezuelen. D’Ziil vun enger Gemeng soll awer net sin fir an enger S.A. Associé ze sin an do Beneficer ze generéieren. D’Gemeng huet elo schon heiandsdo Probleemer hier wichtegst Aufgaben ze erfëllen an ze geréiren – an elo soll se och nach eng S.A. geréieren? D’Ziil vun enger Gemeng soll sin e Service um Bierger an am Intérêt vum Bierger ze assuréieren.

Hei kënnt dann och de Volet vum Conflit d’Intérêt: Wann mir als Gemeng Associé an Haaptaktionär an esou enger S.A. sinn, dann musse mir am Intérêt vun där S.A. handelen. Hei geet et net ëm iergenteng S.A., et geet ëm eng S.A., déi an Iechternach schafft an déi herno eng Rei Geschäftsfläche bedreiwe soll. An de Buergermeeschter soll als Member am Verwaltungsroot vun där S.A. setzen. Ma wéi tranchéiert eng Gemeng an e Buergermeeschter dann, wann den Interêt vun der Gemeng – an vun all deenen anere Geschäftsleit, déi net bei dësem Projet matmaachen an hier Geschäftsflächen net hier gin – net dee selwechten ass wéi deen vun der S.A.? Där Situatioune wäerte kommen…

An dann zum finanzielle Volet – dës S.A. soll ee Kapital an Milliounenhéicht hun. Dëst soll iwwer Scholdschäiner passéieren. Wann ech mech net ieren, dann sollten et ursprénglech 3 Aktionäre ginn: d’Gemeng an 2 grouss privat Investisseure. Ween déi privat Investisseure wieren, kruute mir nie gesot. Et héiert een elo just dobaussen, datt déi Investisseuren net méi interesséiert wieren. Fir datt awer déi grouss Somme vun 5 bis 6.000.000€ Startkapital zesumme kënnt, bräicht een dann  ongeféier 500 bis 600 Leid, déi Actionnaire an der S.A. gin an där och nach Suen léinen op Basis vun engem Scholdschäin.

Dëst wierkt alles relativ wéineg duerchduercht…a relativ komplizéiert an Potenzial fir vill zukünfteg Problemer. Beim Projet Marquise hu mir scho gesin wat geschidd wann eng Gemeng probéiert Promoteur ze spillen. Hei soll elo probéiert gin Actionnaire an Viirstandsmember ze spillen – mam Risiko sech op Joëren ze bannen an ganz vill Suen ze verléieren. 

Dann as eis scho viru Méint gesot ginn, datt ganz groussen Interessi bei internationale Marken do wier hei op Iechternach ze kommen. Scho viru Méint ass gesot ginn Marken hätten zougesot. Mee bis elo hu mir keng eenzeg Preuve dovu gesin, keen eenzegt ënnerschriwwent Dokument, keng Preuve vun Emailverkéier mat deene Marken. Ech kann mir net viirstellen, datt esou grouss international Marken eng Zouso en passant maachen ouni datt et iergenteen schrëftleche Verkéier gëtt… An ech mengen och datt d’Transparenz et géing verlaangen, datt ee gewuer gëtt wat deene Marken vun Säiten vun der Staadt Iechternach versprach gin as. 

Déi ganz grouss Fro bleiwt also: firwat eng ganz Staat un eng S.A. “verkafen” wann een dat selwecht Resultat och mat engem engagéierte City Manager kéint hunn – een deen Betriber zu Lëtzebuerg kontaktéiert an proposéiert op Iechternach ze kommen. Een deen déi aktuell an potentiell nei Betriiber administrativ bei allen Hürden ënnerstetzt an sech wierklech fir d’Staadt Iechternach a seng Geschäftswelt asetzt.

Mir dierfen net vergiessen, datt mir eng Geschäftswelt hei hun. Mir hu Geschäftsleid hei, mir hun engagéiert Leid déi Risiko agin fir hei zu Iechternach hiert Geschäft, Café oder Restaurant ze féieren. Neier ze sichen as wichteg – mee déi bestoend ze ënnerstetzten as genau esou wichteg. Hei wiere mir als Gemeng Iechternach um richtege Wee, wann mir als Gemeng der Geschäftswelt, an zwar där ganzer an net just e puer „happy few“ international Marken, de Support vun der Staadt Iechternach géingen zoukomme loossen. 

Als Staadt Iechternach hu mir eng laang Traditioun als „Handelsstaadt“ – an och haut hu mir nach emmer richteg vill ze bidden. Mir hun eng lieweg Kultur, Patrimoine an eng aktiv Geschäftswelt. 

Komm mir bradéieren dës Staadt net – mir sin s’Staadt Eechternoach, déi eelste Staadt aus dem Land, déi vill Facetten huet a vill ze bidden huet – an net eng „Outlet-Ville“ am Ausverkaaf.