background background

Eechternoach

Steve BERMES

  • Kandidat Gemengewalen 2023

Wisou kandidéieren ech fir déi nächst Gemengewalen?

Dëst aus verschidde Grënn, déi zu menge perséinlechen Themen a Stäerkte passen:

- Wonsch un eng gesellschaftsorientéiert an transparent Politik.

- En oppent Ouer fir de Bierger hunn an seng Interesse vertrieden.

- En nohaltegt an ëmweltfrëndlecht Zesummeliewen zu Iechternach entwéckelen.

- Méi sozial, kulturell a sportlech Evenementer zu Iechternach fërderen.

- Fërdere vun natierlechen an ëmweltfrëndleche Betreiungsforme fir Kanner a Senioren.

A firwat bei " déi gréng"? 

- D'Wäerter an d'politesch Prioritéiten vun déi gréng si equivalent mat menger perséinlecher Liewensastellung.

- Innovativ ze si an dobäi ganz gezielt ob Ëmwelt, Natur an Klima ze setzen ass fir mech en absolutten Muss.

- Deel vun engem staarken Team ze si, wou jidderee een groussen an positiven Impakt op eng produktiv Dynamik huet.