background background

Eechternoach

Chris FOGENS

  • Kandidatin Gemengewalen 2023

Wisou kandidéieren ech mat déi gréng Eechternoach fir déi nächst Gemengewalen?

Säit menger Jugend hu mech politesch Themen interesséiert, an dofir ass et fir mech eng logesch Konsequenz, mech och aktiv politesch z'engagéieren. Duerch mäi Beruff sinn ech gewinnt mat Zuelen ze schaffen, dowéinst hunn ech mech scho säit Joren an der Finanzkommissioun mat Budgetsfroe beschäftegt, zulescht als Präsidentin. D'Pandemie huet gewisen, wei wäertvoll den Zesummenhalt vun de Leit an enger klenger Stad ass. Dowéinst well ech mech weiderhi fir e gutt Zesummeliewen an eng sënnvoll Stadentwécklung asetzen.