background background

Eechternoach

Daniel JONES

  • Kandidat Gemengewalen 2023

Wisou kandidéieren ech fir déi nächst Gemengewalen?

Ech hu mech schonn ëmmer fir Politik, an notamment Politik op lokalem Niveau, interesséiert an duerfir war et fir mech evident bei dësem Superwaljoer kënnen als Kandidat ze participéieren. An der Gemengepolitik huet een d’Méiglechkeet an direktem Kontakt zum Bierger ze agéieren an d’Gemengewuel sou gutt wéi méiglech ëmzesetzen. Ech sinn hei opgewuess a grouss ginn an ech sinn der Meenung dass ee sech grad als Jonken aktiv, motivéiert an onerschrack a senger Gemeng engagéiere muss, fir bei der Gestaltung an Ëmsetzung vun Ziler an Ideeë vun onser schéiner Stad Eechternoach kënne bäizedroen. Als Jong vun engem Iechternacher Geschäftsmann, setzen ech mech och fir eng fair an transparent Handelspolitik an. Ech engagéiere mech fir eng ganz Rei verschidden Themen, an wou ech mir och selwer oft gesot hunn : « Hei muss sech eppes änneren ». Dorënner falen zum Beispill:

-       D’Veräinsliewen an der Stad Eechternoach
Mir hunn ëmmer manner Sportsveräiner zu Iechternach an déi kleng esou wie déi grouss sollten kënne vun enger Villfalt u verschiddene Sportarten profitéieren

-       Kulturell a sozial Aktivitéiten, déi d’Bierger vun der Gemeng zesummebréngt an net spléckt.

-       Den Tourismus zu Iechternach, awer och an der ganzer Regioun Mëllerdall fuerderen an ënnerstëtzen.

-       Geschäftsleit an der Stad Iechternach ënnerstëtzen an hinnen entgéint kommen

An firwat bei " déi gréng"? 

Gemengepolitik ze maachen erfuerdert en Ëmfeld dat dech ennerstëtzt, deng Ideeë fuerdert awer och heiansdo de Courage huet engem e kloren « NEE » ze soen. Dëst ass ouni eng staark, hëllefsbereet a kompetent Equipe ondenkbar. Déi Gréng Eechternoach bréngen all dës Eegeschafte mat, eng dynamesch zilorientéiert an motivéiert Equipe.

Dësweidere ginn an onser Gesellschaft, an och an de meeschten aaneren Deeler op der Welt, keng grondleeënd Decisioune méi ouni e grénge « Foodprint » getraff. Et ass Fakt, dass Sujet’en wéi de Klimawandel eng Bedrohung fir d’Zukunft sinn an do well ech och uknäppen. Un der Zukunft. Als jonke Member an der Partei kommen nach vill Joeren op mech duer an, an do kënnt de sprangende Punkt, och fir meng Kanner an eventuell Enkelkanner. Also wann ech kann als aktive Member zu enger fairer, ëmweltbewosster an nohalteger Politik bäidroen, läit et no, dëse Wee ze goen.