background background

Eechternoach

Ricardo PACHECO

  • Kandidat Gemengewalen 2023

Wisou kandidéieren ech fir déi nächst Gemengewalen?

Ech kandidéieren dëst Joer bei de Gemengewale well ech aktiv un der Gestaltung vun eiser Gemeng matschaffe wëll. Déi lescht Joer hun ech geléiert dass Transparenz an d’Bedeelegung vun den Bierger eng wichteg Roll spille fir d’Zukunft vun der Gemeng. 

Duerch mäin Engagement an den Veräiner an de Kontakt mat de Jugendlechen, denken ech, dass ech dozou ka bäidroen hir Interessen och a Betruecht ze zéien. 

A firwat bei " déi gréng"?
Ech si bei „déi gréng“ bäigetrueden aus verschiddenen Grënn. Éischtens well ech déi Grondwäerter, déi „déi gréng“ vertrëtt, wichteg empfannen an dass déi sollen oprecht erhalen bleiwen. 

En anere Punkt ass dass bei „dei gréng“ de Mënsch an d’Ëmwelt am Mëttelpunkt stinn.