background background

Eechternoach

Stéphanie WEIDENAAR

  • Kandidatin Gemengewalen 2023

Wisou kandidéieren ech fir déi nächst Gemengewalen?

Ech liewe säit 20 Joer zu Iechternach an hu mech ganz integréiert dank mengem Beruff a mengem Engagement a verschiddene Veräiner.

Ech wunnen an enger fantastescher Stad, déi e Kulturierwen huet déi onvergläichlech ass mat aner Gemengen. Mir mussen onbedéngt eis Stad opwäerten, e bessert Mobilitéitskonzept ausbaue fir dass Auto, Vëlo a Foussgänger méi mateneen duerch Iechternach fléisse kënnen, fir méi Tourismus unzezéien. Et ass vill ze schaffen an dëser Gemeng a mäin Dynamismus waart just do drop, fir kennen eng Hand mat unzepaken. 

A firwat bei « déi gréng »?

Säit 8 Joer sinn ech engagéiert bäi « déi gréng », well mir de Respekt virun der Ëmwelt enorm wichteg ass a well ee bei « déi gréng » een en Deel vun enger grousser Famill ass, wou den Austausch a Kommunikatioun primordial ass.

Iechternach ass mir wichteg, seng Kultur, Stadentwécklung an ekonomesch Förderung leie mir wierklech un Häerzen.

Zesummen, mat engem dynameschen Team, sinn ech bereet, a méi wei wëlleg, Iechternach zeréckféieren, wou se mol war.

Ech si fir eng transparent Gemeng, Biergerbedeelegung an Demokratie.