background background

Eechternoach

Carole ZEIMETZ

  • Spëtzekandidatin Gemengewalen 2023

Wisou kandidéieren ech fir déi nächst Gemengewalen?

An deenen 12 Joer wou ech elo mat dobäi sinn, hunn ech geléiert a verstanen dass Gemengepolitik den éischte Baustee vun engem Ganzen ass. Et ass een no beim Bierger, an et kann ee Gräifbares ëmsetzen, mat enger dynamescher Equipe, ëmsou méi wann een an der Verantwortung ass! An zu Iechternach ass nach vill ze schaffen.

A firwat bei " déi gréng"? 

Am Ufank, firun 12 Joer, hunn ech mech an der Lokalpolitik engagéiert haaptsächlech wéinst menge Kanner, mat der Fro: Wat hannerloosse mir eise Kanner? D'Klima-Kris huet sech ëmmer méi spierbar gemaach, a fir mech waren déi Wäerter déi déi gréng Partei vertrueden hunn, an zwar Ëmwelt a Mënsch zesummen ze schützen, déi eenzeg richteg.