Steve BERMES

- Kandidat Gemengewalen 2023
Wisou kandidéieren ech fir déi nächst Gemengewalen?
Dëst aus verschidde Grënn, déi zu menge perséinlechen Themen a Stäerkte passen:
- Wonsch un eng gesellschaftsorientéiert an transparent Politik.
- En oppent Ouer fir de Bierger hunn an seng Interesse vertrieden.
- En nohaltegt an ëmweltfrëndlecht Zesummeliewen zu Iechternach entwéckelen.
- Méi sozial, kulturell a sportlech Evenementer zu Iechternach fërderen.
- Fërdere vun natierlechen an ëmweltfrëndleche Betreiungsforme fir Kanner a Senioren.
A firwat bei " déi gréng"?
- D'Wäerter an d'politesch Prioritéiten vun déi gréng si equivalent mat menger perséinlecher Liewensastellung.
- Innovativ ze si an dobäi ganz gezielt ob Ëmwelt, Natur an Klima ze setzen ass fir mech en absolutten Muss.
- Deel vun engem staarken Team ze si, wou jidderee een groussen an positiven Impakt op eng produktiv Dynamik huet.
